Dat heiten ass een Archiv vun naischtnotz.net, zesummegestallt am Juni 2025 well et 20 Joër hier sinn dass mer zesummen d’Schoulbänk gedréckt hunn.
D’Fotoen a Videoen sinn all an der gréisstméiglecher Qualitéit verfügbar. Bei de Videoen heescht dat leider, si sinn net grad riseg, mä deemools gouf et halt nach keng iPhones — nondikass, do fillt een sech al.
Dir kënnt d’Fotoen an d’Videon natierlech gären eroflueden.
Falls der selwer Fotoen vun deemools hutt, déi der dem Archiv gäre géingt bäidroen, kënnt der mer gären eng Email schreiwen op contact (ät) thierryheles (punkt) com oder iech per WhatsApp / Signal mellen.
Thierry